An de leschte Jorhonnerte ass d'Weltbevëlkerung dramatesch op méi wéi siwe Milliarde Leit eropgaang. Tëscht 1900 an 2000 war d'Erhéijung dräimol méi héich wéi an der ganzer mënschlecher Geschicht - eng Erhéijung vun 1,5 op 6,1 Milliarde Mënschen an nëmmen 100 Joer. Mä och hei sinn positiv Entwécklungen ze notéieren. De Joreswuesstem (Grafik) ass scho vun 2,1 Prozent op 1,2 Prozent (2015) gefall. D'Previsioune schwätze vun engem däitleche Réckgang op 0,1 Prozent bis d'Joer 2100. Mir liewen also dat lescht halleft Joerhonnert an enger Welt an där d'Bevëlkerungswuesstem zréckgeet. Trotzdem klëmmt d'Weltbevëlkerung bis 2100 méi lues op enorm 11,2 Milliarde Mënschen, duerno schéngt e Réckgang vun der Weltbevëlkerung méiglech ze sinn.